Salut léif Sportsfrënn,
Hei en klengen Update vun den Resultater vum 5. Spilldag :
Beongënschtegt vun villen Ausfäll liest sech dësen Spilldag leider wéi eng Katastrophe.
Eis 1. Equipe mam Manuel, Leif, Alain an Ronny, huet mussen géint Récken 2 an den Asaz. No engem gudden Start stoung et 3-1 fir eis Faarwen. Allerdéngs sinn duerno béid Dubbelen un Récken gaangen. Vun den nächsten véier Eenzel konnt och just nach een gewonnen ginn. Um Enn steet en onglécklecht 4-6 fir Recken 2 zu Buch.
Eis 2. Equipe huet mam Gilles, Jo, Yves an mam Kevin gespillt. Hiren Géigner war déi 2. Equipe vun Beetebuerg. No den véier éischten Eenzel stoung et 1-3 fir Beetebuerg. Allerdéngs woren hei d'Dubbelen den Liichtbléck fir eis Jongen, fir op en 3-3 bei ze kommen. Duerno ass et allerdéngs net méi duer gaangen, fir nach opmannst een Eenzel ze gewannen. Sou stoung et um Enn 3-7 fir Beetebuerg.
Eis 3. Equipe gouf vertrueden vum Fern, Luss, Steve an Sacha. Si hunn géint déi 5. Equipe vun Diddeleng gespillt. No den éischten véier Eenzel stoung et 1-3 fir Diddeleng. Béid Dubbelen sinn och un den Géigner gaangen, soumat war d'Virentscheedung well gefall. Um Enn konnten just den Fern an den Luss en Mätsch gewannen, an sou koum en Endresultat vun 2-8 fir Diddeleng zustanen.
Eis 4. Equipe huet mussen géint déi 4. Equipe vun Récken un den Dësch. Dës Equipe, ass vertrueden ginn vum Christian, Claude, Marc E. an dem Guy. Eis Equipe hat l?ider guer keng Chance géint extrem staark klasséiert Géigner an um Enn spigelt sech d'Resultat och sou rëm. Den eenzegen Punkt konnt am Dubbel gemaach ginn, fir eis opmannst d?Éier ze erhalen. 1-9 ass d'Ennresultat fir Récken.
Eis 5. Equipe huet géint déi 4. Equipe vun Féngeg mussen un den Dësch. Hei war den Marc B., Tom E., Pit an den Marc S. um Dill. Se hunn all Gas ginn, awer just den Marc B. konnt een Eenzel fir sech entscheeden an een Dubbel konnt gewonnen ginn. Dozou ze soen ass dass eng Partie Mätscher am fënneften Saz zu Gonschten vun eisem Géigner ausgaangen ass, soss wier d'Resultat en anert gewiescht. 2-8 gewënnt Féngeg dësen Mätsch.
Eis 6. Equipe huet géint déi 4. Equipe vun Mondorf mussen spillen. Hei war den Tom, den Patrick an den Charel am Asaz. Eis Equipe huet géint gleichklasséiert Géigner eng gutt Leeschtung bruecht an konnt als eenzeg Equipe op dësem Spilldag eng Victoire verbuchen. Zwee Mätscher sinn just verluer gaangen an um Enn steet et 8-2 zu eisen Gonschten.
Eis 7. Equipe huet an der Besetzung mam Wilma, Kevin K. an mam Gerard mussen géint Zolwer 3 an den Asaz. Géint eng gutt géigneresch Equipe ass leider net méi wéi zwee Punkten erausgesprongen. Béid Punkten huet den Gerard gemaach an um Enn steet et 2-8 fir Zolwer 3.
Duerch all déi Ausfäll huet eis 8. Equipe et net natierlech schwéier gehat. Sinn konnten just zu zwee spillen an zwar waren dat den Marco an den Matthias. Hiren Géigner war déi 5. Equipe vum Cado. An well den Géigner och just zu zwee ugetrueden ass, kruten mer zwee Punkten geschenkt. D'Ennresultat ass hei 2-7 fir den Cado 5.
Am groussen ganzen en schwaarzen Dag fir eis Seniorsequipen, wou een awer fairerweis soen muss, dass bei +/- 10 Ofsoen vun Spiller/innen net méi dran war. „wink“-Emoticon
Eis 1. Cadetsequipe huet mussen géint déi 3. Equipe vum Houwald un den Dill. Hei waren den Charel, d'Martine an den Maxime aktiv. Nieft dem Dubbel, konnten den Charel an d'Martine hir dräi Mätscher gewannen an den Maxime huet zwee Mätsch gewonnen. Um Enn steet et 9-1 fir eis Faarwen.
Eis 2. Cadetsequipe huet géint déi 3. Equipe vun Zéisseng gespillt. Den Ben, den Gianni an den Guillaume woren hei am Asaz. Eis Equipe huet gutt géint en ganz staarken Géigner gekämpft. Um Enn steet et awer leider 1-9 zu Gonschten vun Zéisseng. Den Gianni konnt mat engem gewonnenen Mätsch, d'Éier vum Klub erhalen.
Eis 3. Cadetsequipe huet mussen géint déi 2. Equipe vun Féngeg un den Dësch. Hei waren l?ider just den Lex an den Nathan am Asaz. Eis Equipe hat leider net vill Chance géint en staark klasséierten Géigner an um Enn spigelt sech d'Resultat och sou rëm. 0-10 ass do d'Resultat fir Féngeg.
Um Schluss kann een eisen Jugendlechen souwéi och eisen Erwuessenen just felicitéieren fir hiren Äifer an hiren Asaz. Den Charel konnt säin duebelen Asaz och wonnerbar meeschteren. Maacht weider sou. |