Solidaritéitsbong vun der Gemeng Kielen

Gudde Mëtteg,
Wéi der all mettlerweil matkritt hutt, krutten dei dei an der Gemeng Kielen wunnen, e Solidaritéitsbong vun 10 € vun der Gemeng Kielen geschéckt.
Deen Bong kann een bei enger a.s.b.l. aus der Gemeng Kielen aleisen.
Mir als Dëschtennis Nouspelt a.s.b.l. maachen och mat bei dëser Solidaritéitsaktioun.
Wann dir nach net wësst wat der mat dësem Bong maache sollt, kennt dir eis en als Veräin weiderginn.
Bedéngt duerch déi ganz Coronasituatioun sinn mir, als Veräin frou, iwwert all klenge Geste, hunn mir dach duerch d’Ofsoen vun der Gemeng vun all eisen Manifestatiounen, en zimlech grousse Verloscht gemaach, deen eis nach laang begleeden wäert.
Wann dir iech fir eis entscheed, kennt dir dëse Bong einfach bei engem Member vum Comité ofginn, mir kemmeren eis dann em de Rescht.
Ech soen iech am viraus Merci fir är Hellef a bléift w.e.g. all gesond. 🙂
MbG
Ronny

Schreibe einen Kommentar