Opstig an d’Promotioun vun eiser 1 Equippe um 17. Spilldag

Um 17. Spilldag huet eis 1. Equippe mussen géint en staarken Konkurrent aus dem Kordall untrieden. An dësem Mätsch ass et fir déi 2 Equippen em net manner ewéi den Opstig aus der 1. Divisioun an d’Promotioun gaangen.

Ënnert den Aen vun sëllechen Supporter, déi sech extra op de Wee gemaach haten fir eis Jongen ze ënnerstëtzen, konnt eis 1 Equippe des Renconter mat 6-4 fir sech entscheeden. 🙂

Domadder steet virum leschten Spilldag fest, dass Nouspelt ab nächster Saison erëm an der Promotioun opschloen dierf. 🙂

Equippe vun lénks no riets : Christian Paler, Alain Recht, Emmanuel Saphy, Leif Persson, Gilles Neyens a Ronny Koch.

Schreibe einen Kommentar