Ofso vun Championnatsmätcher duerch déi néi Well vum Covid-19

Gudden Owend léif Sportsfrënn,

No den Ukënnegunge vun der Regierung a Saachen nei ‚Corona-‚Moosnamen, huet de Comité-Directeur sech concertéiert an déi heiten Décisioune geholl, wat de Spillplang vun dësem Weekend ugeet:

(1)   d’Matcher vun der NAT-1 (‚BDO TT League‘) a vun der NAT-2 gi wéi geplangt gespillt, also mar Samschdeg, mee OUNI ZUSCHAUER

(2)   d’Matcher vun der 1/8-Finale vun der Coupe de Luxembourg ‚Seniors‘ gi wéi geplangt gespillt, also e Sonndeg de Mëtteg, mee OUNI ZUSCHAUER

(3)   all aner Matcher, déi fir dëse Weekend an de Championnater ‚Cadets‘ a ‚Seniors‘ um Spillplang stinn ginn ofgesot

(4)   wéi et nom Spilldag vun dësem Weekend weidergeet gëtt dann decidéiert, wann déi nei gesetzlech Corona-Bestëmmunge bis bekannt sinn

All déi Équipe-Forfaite,  déi scho vu Veräiner fir dëse Weekend gemellt gi waren, gi réckgäng gemaach.

Mat frëndleche Gréiss

De Comité-Directeur vun der FLTT.

Schreibe einen Kommentar