Nei ‚Corona‘-Regelen vun der Regierung

Gudden Owend léif Sportsfrënn,
An deeër interessanter an opschlossräicher Presse-Konferenz, déi de Sportsminister, den H. Dan KERSCH, haut de Mëtteg ofgehalen huet, huet dee Sportminister kloer zum Ausdrock bruecht, datt heen all Féderatiounen a Veräiner encouragéiert, fir och lo an deeër schwéierer Zäit déi nees virun äis läit, den Training NET ze stoppen, mee fir de Sportler, a besonnesch de Kanner an de Jugendlechen, och weiderhin Trainingsméiglechkeeten unzebieden, selbstverständlech am Respekt vun deenen neie gesetzleche Bestëmmungen.
An no deeër presse-Konferenz sinn dann och lo d’Conditiounen, wéi mir an eisen DT-Veräiner während den nächste Woche weiderhin Training organiséieren an ofhale kënnen, kloer an däitlech.
(1) Den Training muss a Gruppe vu maximal véier (4) Spiller organiséiert ginn, wou da pro Grupp och nach een (1) Trainer kann derbäi kommen. Déi 4 Spiller vun enger Grupp duerfen dann um Training och ënnerenee wiesselen, d.h. jidderee vun deene 4 Spiller ka géint jidderee spillen.
(2) An enger Sportshal duerfe maximal 3 Gruppen mat 4 Spiller pro Grupp zur selwechter Zäit mateneen trainéieren. Wann een op déi Méiglechkeet zréckgräift, dann duerfen d’Spiller vun deenen 3 Gruppen awer net ënnerenee vermëscht ginn. Et kann awer een (1) Trainer, déi 3 Gruppe matenee betreien.
Wann ee fir den Training keng Sportshal zur Verfügung huet, mee nëmmen ee méi klenge Sall, da muss een d’Zuel vun de Gruppen, déi mateneen trainéieren, evidenterweis entspriechend upassen.
Hei e puer Beispiller, wann een dervun ausgeet, datt eng Spillbox op d’mannst 9m x 4m huet, an optimal soll 10m x 5m hunn:
a) an enger Hal vu 40m x 25 m kann een ouni Problem 6 Spillboxen vun 10m x 5m ariichten, an deemno mat 3 Gruppe gläichzäiteg trainéieren
b) an engem Sall vun 30m x 12m kann een nach just 6 Spillboxen zu 9m x 4 m ariichten.
c) an engem Sall vun 20m x 8 m kann een nëmme 4 Spillboxen, also och nëmmen 2 Gruppen zu 4 mateneen trainéiere loossen
(3) Fir d’Ofstandsregel vun 2m kënnen anzehalen, soll all Gang zwëscht 2 Reie Spillboxen, wann et nëmme méiglech ass, op d’mannst 2.0m, an optimal 2,5m breet sinn
(4) All Trainer am Spillsall muss permanent eng Nuese-Mond-Schutzmask un hunn.
(5) Idealerweis sollen och vun engem Training zum aneren ëmmer déi selwecht 4 Spiller an enger Grupp beienee bleiwen, de Minister huet awer gesot, datt hee wéisst, datt dat net sou liicht machbar ass, an heen huet och präziséiert, datt et net verbueden ass, zwëscht deenen eenzelen Trainingen d’Zesummesetztung vun de Gruppen z’änneren. Während engem bestëmmten Training muss déi Zesummesetzung awer fix bleiwen an duerf net geännert ginn.
(6) An all geschlossene Raum ( also och an den Toiletten an an de Vestiairen ) ass de Mask obligatoresch, och fir d’Spiller.
D’Mask duerf eenzeg an eleng ausgedoe ginn:
a) während deeër Zäit wou e Spiller an der Spillbox sportlech aktiv ass
b) an der Dusch
Dës nei Conditioune gëlle vun haut um Hallefnuecht un, an dat da bis den 31. Dezember 2020.
Mir hunn och eist FLTT-Anti-Corona-Schutzkonzept iwwerschafft an un déi nei Regelen ugepasst. Déi nei Versioun vun deem Konzept 😊 Versioun 6.0) wäert mar am Nomëtteg op d’FLTT-Homepage gesat ginn, da kënnt dir d’Dokument dann do consultéieren a vun do downloaden.
Mat frëndleche Gréiss
D’FLTT.

Schreibe einen Kommentar