Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul 2019

Den 24 Mee 2019 huet den DTN um Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul Deel geholl.  Vill Kanner haten de Wee bei eisen Atelier fond a hunn sech gudd ameséiert. 🙂

Merci eisem Trainer dem Kevin, dem Mai an dem Wilma déi de ganzen Dag am Assaz waren. 😉

Fir weider Fotoen ze kucken kënnt der dat bei Gallerie –> Fotoen –> Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul 2019, maachen. 🙂

 

 

Barragemätscher 2019 – 1. Senioréquippe kennt op déi ganz gudd 2. Plaz

Eis 1. Senioréquippe huet et fäerdeg bruecht bei de Barragemästcher vun der 1. Divisioun déi 2. Plaz ze erspillen.

Si hunn sech leider mussen an der Final géint eng staark Equipp vu Hueschtert/Foulscht geschloen ginn. 🙂 🙂 🙂

D’Equipp vu lénks no riets : de Gilles, de Christian, den Alain an den Emmanuel.

Déi Néierlag huet der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen, an et ass monter geféiert ginn nom Mätsch. 🙂 🙂 🙂

Ofschlosstabell vun allen Seniorsequippen vun der Saison 2018 /2019

Nouspelt 1     1. Plaz an der 1. Divisioun   ⇔   Opstig an d’Promotioun
Nouspelt 2     4. Plaz an der 1. Divisioun
Nouspelt 3     3. Plaz an der 3. Divisioun
Nouspelt 4     4. Plaz an der 4. Divisioun
Nouspelt 5     9. Plaz an der 4. Divisioun      Ofstig an déi 5. Divisioun
Nouspelt 6     5. Plaz an der 5. Divisioun
Nouspelt 7     9. Plaz an der 6. Divisioun
Nouspelt 8     7. Plaz an der 6. Divisioun

Opstig an d’Promotioun vun eiser 1 Equippe um 17. Spilldag

Um 17. Spilldag huet eis 1. Equippe mussen géint en staarken Konkurrent aus dem Kordall untrieden. An dësem Mätsch ass et fir déi 2 Equippen em net manner ewéi den Opstig aus der 1. Divisioun an d’Promotioun gaangen.

Ënnert den Aen vun sëllechen Supporter, déi sech extra op de Wee gemaach haten fir eis Jongen ze ënnerstëtzen, konnt eis 1 Equippe des Renconter mat 6-4 fir sech entscheeden. 🙂

Domadder steet virum leschten Spilldag fest, dass Nouspelt ab nächster Saison erëm an der Promotioun opschloen dierf. 🙂

Equippe vun lénks no riets : Christian Paler, Alain Recht, Emmanuel Saphy, Leif Persson, Gilles Neyens a Ronny Koch.