Geschicht

De Club gouf 1956 am Café Bonifas gegrënnt a zielt haut zu den eelsten Dëschtennisveräiner vu Lëtzebuerg.

Säin éischte Jugendlandesmeeschter konnt den DT Nospelt 1965 feieren. Am Laf vun de Joren hunn d’Spillerinnen a Spiller vum Veräin vill weider Erfolleger gefeiert a verschidden national Titelen an de verschiddenen Alterskategorie gewonnen.

D’Dammenequipe huet 1968 d’Coupe de Luxembourg gewonnen an ass schonn ee Joer méi spéit, 1969, Landesmeeschter ginn.

2013 huet déi éischt Equipe e weidere Meilesteen an der Veräinsgeschicht erreecht. An der Finall géint Fiels/Haler konnt si fir déi éischte Kéier d’Coupe Frantz Think gewannen. Dës Trophä, déi als zweetwichtegst Coupe am Lëtzebuerger Dëschtennis gëllt, gëtt exklusiv tëscht Equippen aus der Promotioun an der 1. Divisioun ausgespillt.

An de leschte 15 Joer ass den DT Nospelt kontinuéierlech mat enger breeder sportlecher Basis vertrueden. De Club huet an där Zäit am Duerchschnëtt 8 bis 10 Seniorsequippen, 1 bis 5 Minimesequippen, 1 bis 5 Cadetsequippen an 1 bis 3 Jeunesequippen am Championnat gemellt.

Souwuel am Jugend- wéi och am Seniorsberäich hunn eis Equippen iwwer all déi Jore vill Erfolleger gefeiert an sech an de verschiddenen Divisiounen a Championnater behaapt. Déi éischt Equipe etabléiert sech zanter enger Rei vu Saisonen an der Promotioun a gehéiert do zu de feste Bestanddeeler vum Championnat.