Ech wënschen jidderengem, deen eisen Site, www.dtnouspelt.lu, besicht, vill Spaass beim Liese vun eise verschiddene Rubricken. Zéckt net fir Member oder Supporter vun eisem Club ze ginn an an eis grouss Famill vun Dëschtennisfrënn anzetrieden.
Den DTN gouf 1956 gegrënnt an zielt haut zu den eelsten Dëschtennisveräiner am Land.
Am Laf vun de Joren hunn eis Spillerinnen an Spiller eng Réi Titelen op den nationale Landesmeeschterschafte gewonnen an deene verschiddenen Alterskategorie. Eis Minimes, Cadets, Jeunes an Seniorsequippen hu mat vill Succès an de verschiddene Divisiounen gespillt.
E grousse Merci un all déi Persounen déi, duerch hire fräiwëllegen Asaz, zum grousse Succès vun eisem Club bäigedroen hunn während de leschte 70 Joer vun eiser Existenz.
Ronny KOCH
President vum DT Nospelt
