1. offiziellen Kannertraining vum DTN nom Déconfinement

Leschten Donneschdeg, den 25 Juni, war den 1. offiziellen Kannertraining vum DTN nom Déconfinement. 🙂

Déi éischt Grupp vun Kanner war drun an se waren méi ewéi frou dass rem duerft trainéiert ginn. Dat ganzt ass natierlech ennert de néidegen Sécherheetsmossnahmen ofgelaf, a mir waren all frou se rem ze gesinn. 🙂

   

Transferten fir déi néi Saison 2020 / 2021

Salut,
Lo wou d’Saison eriwwer, an d’Transfertperiode laanscht ass, well ech iech 2 néi Transfert’en virstellen, an dës an eisem Club begréissen.
Dëst sinn den Norbert PALER (C1), hie kënnt vun Mamer an den Albert ZÜST (C1) hie kënnt och vun Mamer.
Mir wënschen eise néie Matspiller nëmmen dat Bescht an dass si de Club um sportlechen, wéi och um mënschlechen Plang weider no vir brengen kënnen. 🙂
Mat sportlechen Gréiss.
Ronny