Barragemätscher 2019 – 1. Senioréquippe kennt op déi ganz gudd 2. Plaz

Eis 1. Senioréquippe huet et fäerdeg bruecht bei de Barragemästcher vun der 1. Divisioun déi 2. Plaz ze erspillen.

Si hunn sech leider mussen an der Final géint eng staark Equipp vu Hueschtert/Foulscht geschloen ginn. 🙂 🙂 🙂

D’Equipp vu lénks no riets : de Gilles, de Christian, den Alain an den Emmanuel.

Déi Néierlag huet der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen, an et ass monter geféiert ginn nom Mätsch. 🙂 🙂 🙂

Ofschlosstabell vun allen Seniorsequippen vun der Saison 2018 /2019

Nouspelt 1     1. Plaz an der 1. Divisioun   ⇔   Opstig an d’Promotioun
Nouspelt 2     4. Plaz an der 1. Divisioun
Nouspelt 3     3. Plaz an der 3. Divisioun
Nouspelt 4     4. Plaz an der 4. Divisioun
Nouspelt 5     9. Plaz an der 4. Divisioun      Ofstig an déi 5. Divisioun
Nouspelt 6     5. Plaz an der 5. Divisioun
Nouspelt 7     9. Plaz an der 6. Divisioun
Nouspelt 8     7. Plaz an der 6. Divisioun