Ofso vun der aktueller Saison vun der Dëschtennisfederatioun

Gudde Moien,

Opgrond vun der aktueller Coronasituatioun, an der domadder verbonnenen weideren Verlängerung vun de Sécherheetsmoossnamen, huet d’Dëschtennisfederatioun de Moien decidéiert d’Saison fir all d’Equippen vun der Promotioun bis déi 6. Divisioun, ofzesoen.

Eenzeg d’BDO (Nationale 1) an d’Nationale 2 dierfen hire Programm weiderspillen.

D’Saison gëtt net gewäert et ginn keng Op- an Ofsteiger an all d’Equippen verbleiwen an hiren aktuellen Divisiounen wou se am September erëm ufänke wäerten.

MbG

Ronny