


Wëllkomm beim DT Nouspelt
Den 24 Mee 2019 huet den DTN um Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul Deel geholl. Vill Kanner haten de Wee bei eisen Atelier fond a hunn sech gudd ameséiert. 🙂
Merci eisem Trainer dem Kevin, dem Mai an dem Wilma déi de ganzen Dag am Assaz waren. 😉
Fir weider Fotoen ze kucken kënnt der dat bei Gallerie –> Fotoen –> Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul 2019, maachen. 🙂
Den 10 Mee 2019 huet den DTN op seng traditionnel Generalversammlung invitéiert. 😉
Hei e puer Fotoen. Fir weider Fotoen ze kucken kënnt der dat bei Gallerie –> Fotoen –> Generalversammlung 2019 maachen. 🙂
Vill Spass.
Eis 1. Senioréquippe huet et fäerdeg bruecht bei de Barragemästcher vun der 1. Divisioun déi 2. Plaz ze erspillen.
Si hunn sech leider mussen an der Final géint eng staark Equipp vu Hueschtert/Foulscht geschloen ginn. 🙂 🙂 🙂
D’Equipp vu lénks no riets : de Gilles, de Christian, den Alain an den Emmanuel.
Déi Néierlag huet der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen, an et ass monter geféiert ginn nom Mätsch. 🙂 🙂 🙂
Nouspelt 1 ⇒ 1. Plaz an der 1. Divisioun ⇔ Opstig an d’Promotioun |
Nouspelt 2 ⇒ 4. Plaz an der 1. Divisioun |
Nouspelt 3 ⇒ 3. Plaz an der 3. Divisioun |
Nouspelt 4 ⇒ 4. Plaz an der 4. Divisioun |
Nouspelt 5 ⇒ 9. Plaz an der 4. Divisioun ⇔ Ofstig an déi 5. Divisioun |
Nouspelt 6 ⇒ 5. Plaz an der 5. Divisioun |
Nouspelt 7 ⇒ 9. Plaz an der 6. Divisioun |
Nouspelt 8 ⇒ 7. Plaz an der 6. Divisioun |
18. Spilldag | ||
Union 2 | 2 : 8 | Nouspelt 1 |
Biekerech 1 | 9 : 1 | Nouspelt 2 |
Mamer 2 | 5 : 5 | Nouspelt 3 |
BIL 1 | 8 : 2 | Nouspelt 4 |
Beetebuerg-P. 3 | 6 : 4 | Nouspelt 5 |
Mamer 3 | 4 : 6 | Nouspelt 6 |
Käerch 3 | 1 : 9 | Nouspelt 7 |
Forfait | Nouspelt 8 |
Um 17. Spilldag huet eis 1. Equippe mussen géint en staarken Konkurrent aus dem Kordall untrieden. An dësem Mätsch ass et fir déi 2 Equippen em net manner ewéi den Opstig aus der 1. Divisioun an d’Promotioun gaangen.
Ënnert den Aen vun sëllechen Supporter, déi sech extra op de Wee gemaach haten fir eis Jongen ze ënnerstëtzen, konnt eis 1 Equippe des Renconter mat 6-4 fir sech entscheeden. 🙂
Domadder steet virum leschten Spilldag fest, dass Nouspelt ab nächster Saison erëm an der Promotioun opschloen dierf. 🙂
Equippe vun lénks no riets : Christian Paler, Alain Recht, Emmanuel Saphy, Leif Persson, Gilles Neyens a Ronny Koch.
Um 17. Spilldag huet de Kevin et fäerdeg bruecht e Klassement ze klammen. De Kevin ass B2 ginn. Félizitatioun.
17. Spilldag | ||
Nouspelt 1 | 6 : 4 | Kordall 1 |
Nouspelt 2 | Spillfrei | |
Nouspelt 3 | 2 : 8 | Houwald 6 |
Nouspelt 4 | 2 : 8 | Féngeg 3 |
Nouspelt 5 | 1 : 9 | Käerch 1 |
Nouspelt 6 | 1 : 9 | Käerch 2 |
Nouspelt 7 | 3 : 7 | Ell 6 |
Nouspelt 8 | Forfait |